08/10/2026
D'Buedzëmmer ass eng vun deene Plazen, déi een all Dag benotzt. Moies nach ier den Dag richteg ugefaangen huet an owes, wann ee lues a lues zur Rou kënnt 🌑
Ëmsou méi schéin, wann et e Raum ass, an deem ee sech wierklech wuel fillt. Bei dësem Projet gouf Manhattan-Marber um Buedem an an der Dusch agesat. Déi hell Faarf an déi natierlech Zeechnung vum Marber prägen de ganze Raum.
Bei Lampertz realiséiere mir Är Natursteenelementer fir d'Buedzëmmer op Mooss, vun der Materialwahl bis zur Montage.