05/06/2026
Hallo 🌸 Ech freeë mech rieseg, dëst Joer erem mat Bambitz um Nuetsmaart ze stoen. 🥰
Wann dir Loscht hutt op e flotte Summerowend, e bëssen ze bummelen, eppes Guddes ze iessen an déi vill flott Stänn ze entdecken, da kommt onbedéngt laanscht.
Bei mengem Stand fannt dir vill Saachen, déi ech mat vill Léift a Kreativitéit gebitzt hunn – vun Ouerréng iwwer Troussen bis bei kleng Geschenkiddien 💗 och puer nei Kreatiounen 😍
Mai Meedchen verkeeft souguer seng handmade Ouerréng an huet souguer eng „Nationalfeierdag Editioun“ rausbruecht ✨STAY TUNED✨
An och wann dir näischt braucht: kommt einfach Moien soen, e bëssen schwätzen a kucken. Ech freeë mech ëmmer iwwer all bekannt a nei Gesiichter. 😊
📍 Gemengeplaz Käerch
🗓️ Freides, den 19. Juni
⏰ 18:00 – 24:00 Auer
✨ Fir déi, déi schonn hire Summer-Kalenner fëllen wëllen, där fannt mech och hei:
📍 4. Juli – Summerfest vun der APEMH
📍 12. Juli – Zolwermoart
Ech kann et kaum erwaarden! 🌙✨
Bis geschwënn 😘